Tour de France 2017: Asaz vun Drohnen an anere Fluchmaschinnen (03-04.07.2017)

De Passage vum Tour de France duerch Lëtzebuerg den 3. an 4. Juli 2017 gëtt begleet vun enger grousser Unzuel un Helikopteren a Fligeren, déi eng Iwwerwaachung an eng Iwwerdroung per Video a Radio vun der Course erméiglechen.

Fir dëse Loftverkéier an och d’Coureuren an d’Spectateuren um Buedem ze schützen, si sämtlech Fluchaktivitéiten ronderëm d’Streck während dësen zwee Deeg verbueden. Dëst Fluchverbuet gëllt fir sämtlech Fluchmaschinnen, Drohne mat abegraff. Speziell Ausname ginn nëmme fir Fluchaktivitéiten fir den Tour de France accordéiert.


Dëst Fluchverbuet ass op e Minimum beschränkt:

  • Als éischt gëllt dëst Fluchverbuet vum Buedem bis op eng Héicht vun 3.500 feet (+-1,07 km).
  • Da gëllt d’Verbuet fir de Loftraum vun 0,75 nautical miles (+-1,39 km) op béide Säite vun der Streck (detailléiert Kaarten am Anhang):
    • 3. Juli: Klierf – Ëlwen – Wëntger – Woltz – Esch-Sauer – Réiden – Miersch – Mamer – Esch-Uelzecht;
    • 4. Juli: Munneref – Rëmerschen – Schengen.


Nëtzlech Informatiounen: 

Kontakt
civilair@av.etat.lu oder (+352) 247-74900

Legalen Text
Règlement ministériel du 23 mai 2017 interdisant les activités aériennes les 3 et 4 juillet 2017 pendant le Tour de France.

Communiqué par la Direction de l'aviation civile 

Dernière mise à jour